![cover image](https://wikiwandv2-19431.kxcdn.com/_next/image?url=https://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/7/7b/Best_image_of_bright_quasar_3C_273_%252810953173335%2529.jpg/640px-Best_image_of_bright_quasar_3C_273_%252810953173335%2529.jpg&w=640&q=50)
3C 273
From Wikipedia, the free encyclopedia
3C 273 ass d'Bezeechnung vum visuell hellste Quasar um Stärenhimmel. Den 3C 273 war den éischte Quasar, wou entdeckt gouf. Den Objet läit am Stärebild Virgo a steet an der Géigend vun der Ekliptik. Hie kann heiansdo vum Äerdmound bedeckt ginn. Seng Routverrécklung ass z = 0,158, woumat sech seng Liichtkraaftdistanz am ΛCDM-Modell zu 746,9 Mpc respektiv 2,436 Milliarde Liichtjoer ergëtt. Iwwer de Reverberatioun-Mapping huet sech d'Mass op 886 ± 187 Millioune Sonnemasse bestëmme gelooss.
Séier Fakten Stärebild, Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 ...
![]() Foto, opgeholl mam Hubble-Weltraumteleskop. | |
Stärebild | Virgo (Vir) |
---|---|
Positioun fir d'Equinoxe J2000.0 | |
Rektaszensioun | 12h 29m 6,8s |
Deklinatioun | + 2° 3' 7" |
Ausgesinn | |
Visuell Magnitude | 12,86 mag |
Physikalesch Donnéeën | |
Distanz (Lj) | 2.436.000.000 |
Routverrécklung | 0,158339 ± 0,000067 |
Absolut Hellegkeet | -26,7 |
Geschicht | |
Entdecker | Maarten Schmidt a Bev Oke |
Entdeckungsdatum | 1963 |
Katalog- an Entdeckerbezeechnungen | |
PGC | 41121 |
Zoumaachen