ee vun den 20 Stadbezierker vu Paräis From Wikipedia, the free encyclopedia
Den 3. Arrondissement ((fr) och nach Arrondissement du Temple ) ass ee vun zwanzeg Stadbezierker vu Paräis. Et ass zum gréissten Deel eng Wunngéigend am Nordoste vum Stadkär, déi sech haaptsächlech am 13. a 14. Joerhonnert ënner dem Charles V. entwéckelt huet. Déi eelst erhale Wunnhaiser stamen awer aus dem 16. Joerhonnert.
Quartieren |
Arts-et-Métiers, Enfants-Rouges, Archives, Sainte-Avoye |
---|---|
Buergermeeschter | Pierre Aidenbaum |
Awunner | 32.793 |
Fläch | 1,17 km² |
Postcode | 75003 |
INSEE-Code | 75103 |
Koordinaten | 48°51'50,50"N, 2°21'41,51"O |
E groussen Deel vum Arrondissement besteet aus dem sougenannte Marais.
Den 3. Arrondissement läit um rietsen Uwänner vun der Seine, gëtt awer komplett vun aneren Arrondissementer ëmkreest. Am Norde grenzt en un den 10., am Osten un den 11., am Süden un de 4., an am Westen un den 1. an 2. Arrondissement.
Den Numm vum Arrondissement geet zeréck op den Templeruerden, deem seng Bauwierker awer zerstéiert goufen.
Wéi all Paräisser Arrondissement ass en a véier administrativ Quartieren ënnerdeelt:
Kleng Auswiel:
Commons: 3. Arrondissement vu Paräis – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.