From Wikipedia, the free encyclopedia
Škofja Loka (op däitsch fréier: Bischofslack) ass eng Uerschaft a Gemeng a Slowenien. Si ass de wirtschaftlechen, kulturellen an administrativen Zentrum vun der Gemeng Škofja Loka, déi aus 62 Uertschafte besteet, an der Regioun Gorenjska Loka (de.: Oberkrain, it.: Alta Carniola).
Škofja Loka läit op enger Héicht vun 354 m an de juleschen Alpen do wou d' Flëss Poljanska Sora a Selška Sora zesummelafe fir d'Sora ze bilden, um Iwwergang vun der Sora Griecht an d'Škofja Loka Hiwwelen an d'Polhov Gradec Hiwwelen. Op engem Plateau iwwer der Stad steet d'Schlass Loka, wou e Musée dran ass. Iwwer dem Schlass ass de Krancelj, eng Kopp vu 475 m, an nërdlech vun der Stad läit de Kamnitnik mat 414 m, dee bekannt ass fir säi konglomeréréiert Gestengs.
Se läit op der Eisebunnslinn Tarvisio-Ljubljana.
D'Uertschaft gouf eng éischt Kéier an enger Charte 973 ernimmt, wéi de Keeser Otto II. dem Bëschof Abraham von Freising d'Stara Loka (al A) geschenkt huet. D'Freisinger Bëscheef hunn déi no an no zu engem administrativen Zentrum ausgebaut:: 1248 krut se d'Maartrecht, an 1310 krut Bischoflack d'Stadrecht. Vun enger Stadmauer goung fir d'éischt 1286 an engem Text rieds, déi 5 Paarte sinn aus dem 14. Joerhonnert.
1515 gouf et e schrot Äerdbiewen, dat d'Stad bal ganz zerstéiert huet; de Bëschof Philipp von der Pfalz huet se nees opbaue gelooss, an zwar an där Form, wéi se bis haut nach gutt erhalen ass. Bis 1803 waren d'Bëscheef Här a Meeschter, dono huet se zu Éisträich gehéiert. Am Stadwopen ass de Mouer mat Kroun, Symbol vum Héichstëft Freising, nach haut ze gesinn.
Commons: Škofja Loka – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.