Éisträicheschen Ierffollegkrich
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Éisträicheschen Ierffollegkrich ass 1740 nom Doud vum Karl VI. ausgebrach, a sollt bis 1748 daueren.
Am Joer 1740 ass et eriwwer mam Gläichgewiicht an Europa, an dat mam Doud vun zwee groussen Herrscher. Nom Doud vum Friedrich Wilhelm I. geet d'Kroun u säi Bouf, de Friedrich II., deemools 28 Joer jonk, deen de Ruff vun engem "Bel Esprit" huet, a sech haaptsächlech mat Museker, Philosophen a Poeten ofgëtt, also als "ongeféierlech" gëllt. Den Doud vum Keeser Karl VI. ass do scho méi problematesch. D'Pragmatesch Sanktioun, duerch déi seng Duechter Maria Theresia sollt d'Territoirë vun der Monarchie ierwen, gouf net vun allen europäeschen Herrscher unerkannt. De gréisste Problem war net, wat si ierwe sollt, mä wien alles dovu profitéiert. Bestuet war d'Maria Theresia nämlech mam François III. vu Loutrengen, an duerch d'Ierfschaft hat dësen eng Chance zum Keeser gewielt ze ginn. Fir Frankräich hätt dat d'Habsburger als direkt Nopere bedeit, wat si op kee Fall wollten. Doriwwereraus haten de Friedrich vu Preisen an de Karl Albrecht, Kurfürst vu Bayern hir eege Meenungen wéi den Territoire am beschte kéint opgedeelt ginn.
Dem Friedrich II. säin Ugrëff op Schlesien am Dezember 1740 provozéiert de Krich. De jonke Kinnek vu Preisen notzt de Moment aus fir seng eege Lännereien op Käschte vun Éisträich ze vergréisseren, wat duerch d'Ierffolleggedeessems geschwächt ass.
Den 11. Dezember setzt de Friedrich II. der Maria Theresia en Ultimatium, an dem hie Schlesien als Präis fir seng Unerkennung vun der Pragmatescher Sanktioun a seng Ënnerstëtzung fir d'Wiel vun hirem Mann François zum Keeser fuerdert. Ouni op eng Äntwert ze waarden, falen d'Preisen de 16. Dezember a Schlesien an, a besetzten d'Gebitt ouni grouss Resistenzen. D'Éisträicher hu sech a Béimen a Mieren zeréckgezunn an d'Preise konnten de ganze Wanter iwwer a Schlesien bleiwen. Nëmmen nach d'Festunge Glogau, Brieg an Neisse waren an éisträichescher Hand. De 5. Abrëll 1741 kënnt et zu der Schluecht vu Mollwitz, enger Victoire fir d'Preisen. Dës Victoire encouragéiert d'Fransousen, de Kurfürst vu Bayern aktiv bei senger Campagne z'ënnerstëtzen, fir zum däitsche Keeser gewielt ze ginn. Ausserdeem gëtt zu Versailles och iwwer eng Allianz mam Kinnek vu Preisen nogeduecht, deen jo awer méi staark ass, wéi dat ugeholl gouf. De 5. Juni 1741 schléissen déi dräi eng Allianz. De Karl-Albrecht kritt d'Stëmm vum Kurfürst vu Brandenburg zougeséchert an eng militäresch Hëllef vu Frankräich. Dem Friedrich seng Eruewerungen a Schlesien ginn unerkannt, an de Louis XV. kritt Berg a Juliers. Schonn am Mee 1741 war et zu enger Allianz tëscht Bayern a Spuenien komm, déi zu Nymphenburg ënnerschriwwe gi war: de Karl-Albrecht huet dem Philippe V. seng Rechter op d'italienesch Territoirë vun den Habsburger unerkannt.
Sou entsteet eng Koalitioun géint Éisträich, ouni datt Frankräich der Maria Theresia oppen de Krich erkläert huet. De Maillebois passt mat enger Arméi zu Hannover op, datt d'Englänner neutral bleiwen, an an der Tëschenzäit mécht sech de Belle-Isle mat enger zweeter Arméi op de Wee Richtung Éisträich.