From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Édouard Albert Roche, gebuer de 17. Oktober 1820 zu Montpellier, a gestuerwen den 18. Abrëll 1883 och do, war e franséischen Astronom a Mathematiker. Hien ass virun allem duerch seng Aarbechten am Beräich vun der Himmelsmechanik bekannt ginn. D'Roche-Grenz, d'Roche-Sphär, d'Roche-Volumen an d'Roche-Potential ginn op säin Numm zeréck.
Édouard Albert Roche | |
---|---|
Gebuer |
17. Oktober 1820 Montpellier |
Gestuerwen |
27. Abrëll 1883 Montpellier |
Doudesursaach | Longenentzündung |
Nationalitéit | Frankräich |
Educatioun | Universitéit vu Montpellier |
Aktivitéit | Astronom, Mathematiker, Meteorolog, Universitéitsprofesser |
Member vun | Académie des sciences |
Hien hat op der Universitéit Montpellier studéiert, wou hien am Joer 1844 den Doktergrad krut. Nodeem hie sech fir e puer Joer zu Paräis weidergebilt hat, goung hie 1849 zeréck op Montpellier a war do vun 1852 bis 1881 Professer fir Mathematik.
De Roche gouf berüümt duerch déi nach haut akzeptéiert Theorie, no där d'Saturnréng duerch d'Zerbrieche vun engem Mound vum Saturn entstane sinn, deem seng Distanz zum Planéit ënner eng gewësse kritesch Grenz geroden ass, an hat eng Formel fir déi no him genannte Roche-Grenz opgestallt. Ursaach fir d'Zerbrieche solle Gezäitekräfte sinn.
D'Roche-Grenz gëllt och fir Stären, heescht dann awer Roche-Volumen. Déi gëtt un, wéi grouss de Volume vun engem Stär an engem Duebelstäresystem muss sinn, bis Matière vun deem engen zum anere Stär iwwerfléisst.
Ausserdeem hat hien d'Nebularhypothes vum Pierre-Simon Laplace widderluecht. De Laplace war der Meenung, datt sech d'Planéite aus der um Enn ëmmer méi dichter a méi séierer lënsefërmeger Atmosphär vun der Sonn gebilt hätten. De Roche koum bei enger mathematescher Analys allerdéngs zum Schluss, datt ee sech schnelldréiende lënsefërmege Kierper eigentlech net stabil ass.
Nom Édouard Albert Roche sinn e Moundkrater, e Phoboskrater an den Asteroid (38237) Roche genannt.
Seamless Wikipedia browsing. On steroids.
Every time you click a link to Wikipedia, Wiktionary or Wikiquote in your browser's search results, it will show the modern Wikiwand interface.
Wikiwand extension is a five stars, simple, with minimum permission required to keep your browsing private, safe and transparent.