Wyborg
From Wikipedia, the free encyclopedia
Wyborg (russ. Выборг, finn. Viipuri, schw. Viborg) ass eng Stad mat ronn 80.000 Awunner (Stand 2016) an der Oblast Leningrad a Russland. Si läit an der historescher Regioun Karelien, eng 130 km nordëstlech vu Sankt Péitersbuerg un der finnescher Grenz.
Dëse Geographiesartikel iwwer Russland ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Séier Fakten Land, Federatiounskrees ...
Wyborg | |
---|---|
Land | Russland |
Federatiounskrees | Nordwestrussland |
Status | Oblast |
Regioun | Leningrad |
Gegrënnt | 1293 |
Awunner | 71.772 (1. Januar 2023) |
Fläch | 102 |
Koordinaten | 60°42'38"N, 28°44'59"O |
Zäitzon | UTC+3 |
Telefonszon | 81378 |
Postcode | 188800–188811 |
Websäit | http://www.city.vbg.ru/ |
Zoumaachen
Si gouf am Mëttelalter vun de Schwede gegrënnt, koum 1710 un d'russescht Keeserräich an huet zanterhier dacks d'Hänn tëscht Russland a Finnland gewiesselt, ier se 1944 endgülteg zu Russland koum.
Zu Wyborg ass den Ufank vun der 1.222 km laanger Nord Stream Gas Pipeline. D'Stad ass och eng Gare un der Eisebunsslinn Helsinki–Sankt Péitersbuerg.