Sonn
Stär am Zentrum vun engem Planéitesystem / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Sonn, op Latäin Sol, ass de Stär am Zentrum vun eisem Planéitesystem, dat mir Sonnesystem nennen.
Séier Fakten Allgemeng Donnéeën, Typenandeelung ...
Zoumaachen
Eis Sonn ass fir d'Liewen op der Äerd vu fundamentaler Bedeitung. Vill wichteg Prozesser op der Äerduewerfläch, wéi d'Klima an d'Liewe selwer, ginn duerch d'Stralungsenergie vun der Sonn ugedriwwen. Si stamen ongeféier 99,98 % vum ganzen Energiebäitrag zum Äerdklima vun der Sonn – de butzege Rescht gëtt aus geothermalen Hëtztquelle gespeist. Och d'Gezäite ginn zu engem Drëttel op d'Gravitatioun vun der Sonn zeréck.
D'astronomescht Zeeche fir eis Sonn ass .