Pippin de Mëttelsten
From Wikipedia, the free encyclopedia
De Pippin de Mëttelsten, Pippin den Décken oder Pippin vun Herstal lat. Pippinus, gebuer am Palais zu Chèvremont[1] ëm 635 a gestuerwen de 16. Dezember 714 zu Jupille bei Léck, aus der Famill vun den Arnulfinger, war vu 679 bis 714 deejéinegen, deen d'Muecht am Frankeräich hat: zanter 679 Hausmeier vun Austrasien, zanter 680 als dux (Herzog) vun Austrasien, vu 688/689 un als Hausmeier vun Neustrien (principale regimine majorum domus) an zanter 688 Hausmeier vun der Bourgogne. Hie war de Jong vum Ansegisel an der Begga an e Kandskand vum Arnulf vu Metz.
Séier Fakten Gebuer, Gestuerwen ...
Pippin de Mëttelsten | |
---|---|
Gebuer |
645 jul. Herstal |
Gestuerwen |
16. Dezember 714 jul. Jupille-sur-Meuse |
Aktivitéit | Politiker |
Famill | |
Bestuet mat | Plektrud, Alpaida |
Papp | Ansegisel |
Mamm | Begga |
Kanner | Drogo vun der Champagne, Grimoald de Jéngeren, Karl Martell |
Zoumaachen