Nick Nolte
US-amerikanesche Schauspiller / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Nick Nolte, gebuer als Nicholas King Nolte den 8. Februar 1941 zu Omaha an Nebraska, ass en US-amerikanesche Schauspiller.
Séier Fakten Gebuertsnumm, Gebuer ...
Nick Nolte | |
---|---|
Gebuertsnumm | Nicholas King Nolte |
Gebuer |
8. Februar 1941 Omaha |
Nationalitéit | USA |
Educatioun |
Westside High School, Omaha Benson High School Magnet, Pasadena City College, Arizona State University, Eastern Arizona College, Phoenix College, Stella Adler Studio of Acting |
Aktivitéit | Filmschauspiller, Filmproduzent, Mannequin, Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher, Basketballspiller, Theaterschauspiller |
Famill | |
Kanner | Brawley Nolte |
Zoumaachen
Hien ass vun 1960 un als Schauspiller am Theater opgetrueden. Seng éischt Filmroll krut hien am Joer 1972. Hie war bis haut (2021) an iwwer 100 Kinos-an TV-Filmer ze gesinn.
Zu senge bedeitende Filmer zielen de Politdrama Under Fire (1983) vum Roger Spottiswoode, den Thriller Cape Fear vum Martin Scorsese, The Player vum Robert Altman an de Krichsfilm The Thin Red Line (1998) vum Terrence Malick.
1992 krut hien a Golden Globe als beschte Schauspiller am Film The Prince of Tides.