Hieronymus Bosch
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Hieronymus Bosch (fir richteg Jeroen Anthoniszoon van Aken [jəˈrun ɑnˈtoːnɪsoːn vɑn ˈaːkə(n)]), gebuer ëm 1450 zu 's-Hertogenbosch a gestuerwen am August 1516 och do, war en hollännesche Moler, tëscht dem Enn vum Mëttelalter an dem Ufank vun der Neizäit.
Hieronymus Bosch | |
---|---|
Gebuertsnumm | Jheronimus van Aken |
Pseudonym | Aeken, Hieronymus van, Aken, Hieronymus van, Aken, Jeroen Anthoniszoon van, Aken, Jheronymus van, Aquen, Jheronimus, Bos, Jeronimus |
Gebuer |
1450 jul. 's-Hertogenbosch |
Gestuerwen |
August 1516 jul. 's-Hertogenbosch |
Nationalitéit | Südlech Nidderlanden |
Aktivitéit | Moler, Zeechner, Bauzeechner, visuelle Kënschtler |
Hien ass bekannt fir seng Biller, op deenen eng Hellewull vu symboleschen, metaphoreschen a spréchwiertlechen Zeenen ze gesi sinn, déi haut bis op e puer Ausnamen, kaum méi z'entschlëssele sinn. Ausserdeem sinn dodrop Monsteren, Déieren, Fabelwiesen oder Hybrid-Wiesen (z. B. e Mënsch mat engem huelen Ee als Bauch, Bamstämm als Been a Booter als Féiss) ze fannen.
Zu senge bekanntste Wierker zielen déi zwéin Triptychen De Gaart vun de Glëschtereien an Den Heewon (haut am Museo del Prado), oder awer Déi Siwen Doutsënnen, D'Tentatioun vum hellegen Antonius, D'Geckeschëff, D'Spillleit, Ecce homo, asw.