Ham (Fleesch)
Fleesch vum Schwäin / From Wikipedia, the free encyclopedia
Ham gëtt an der Kichesprooch dat Iewescht (zum dackste) vum hënneschte Bee vum Schwäin genannt. De Begrëff bezitt sech meeschtens op fäerdeg preparéiert Hamen, déi gewéinlech kal giess ginn. Jee nodeem gi se gesolpert, gekacht, gebroden, gedréchent oder gereezt. En typesche Lëtzebuerger Kascht ass "Ham, Fritten an Zalot". Dëse Kascht gëtt et gär op Familljefeieren oder bei méi traurege Momenter wéi op Begriefnesser.