Franséisch Revolutioun
Franséisch Revolutioun vu 1789 bis 1799 / From Wikipedia, the free encyclopedia
D'Franséisch Revolutioun beschreift eng Period a Frankräich vu 1789 (Stuerm op d'Bastille) bis 1799 (Coup d'État vum 18. an 19. Brumaire) an där d'Monarchie ofgeschaf an eng Republik installéiert ginn ass. An der franséischer Historiographie ass d'Revolutioun d'Trennungslinn tëscht Neizäit (« époque moderne ») an Zäitgeschicht (« époque contemporaine ») an ass domat eng vun de wichtegsten Zäsure vun der europäescher Geschichtsschreiwung.
Dësen Artikel beschäftegt sech mat der Franséischer Revolutioun vu 1789. Fir d'Revolutioun vun 1830, kuckt wgl. Trois Glorieuses; fir déi vun 1848 kuckt Franséisch Revolutioun (1848). |
Fir d'éischt Kéier an der europäescher Geschicht, zanter der Antiquitéit, gouf de Prinzip selwer vun engem monarchistesche Regimm iwwerworf. Bei der englescher Revolutioun (Cromwell) war et eleng ëm d'Persoun vum Kinnek gaangen, an net ëm de Regimm u sech. De groussen Impakt vun der Franséischer Revolutioun kënnt och duerch d'Kricher déi e groussen Deel vun Europa betraff hunn, der Grënnung vu Schwëster-Republiken. Duerch d'Revolutioun goufen och vill Iddie vun de Lumières a ganz Europa verbreet.
D'Franséisch Revolutioun markéiert d'Enn vum Ancien Régime an engem Land, wat bis dohi fir seng absolutistesch Kinneke berüümt war (virun allem de Louis XIV.).
Nach haut ass d'Franséisch Revolutioun en Theema wat ënner Historiker ëmstridden ass, net zulescht wéinst de Grausamkeete vun der Terreur an dem Wee dee si ageschloen huet.
D'Franséisch Revolutioun huet och zu déiwen Divisiounen tëscht den Unhänger vun de revolutionären Iddien an de Verdeedeger vun der aler Uerdnung gefouert, den Antiklerikalen an der Kathoulescher Kierch.