Edgar Degas
From Wikipedia, the free encyclopedia
Den Edgar Degas, fir richteg Hilaire Germain Edgar de Gas, gebuer den 19. Juli 1834 zu Paräis an och do de 27. September 1917 gestuerwen, war e franséische Moler a Sculpteur. Hie gëtt dacks zu den Impressioniste gezielt, mat deenen en zesummen ausgestallt huet. Anescht wéi bei hinnen hu seng Biller eng exakt Linneféierung a kloer strukturéiert Bildkompositiounen.
Edgar Degas | |
---|---|
Gebuer |
19. Juli 1834 Paräis |
Gestuerwen |
27. September 1917 Paräis |
Doudesursaach | Hiereschlag |
Nationalitéit | Frankräich |
Aktivitéit | Moler, Sculpteur, Dichter, Graveur, Fotograf, Zeechner, visuelle Kënschtler |
Member vun | Ligue de la patrie française |
Famill | |
Papp | Auguste de Gas |
Den Degas huet op där enger Säit eng ganz Rëtsch Portraite geschaf, op där anerer huet hie sech just op e puer Bildsujete konzentréiert, déi en ëmmer nees variéiert huet: Ballet, Jockeyen a Päerd, d'Paräisser Nuetsliewen a Fraen, déi am Gaang sinn, sech schéinzemaachen oder ze wäschen. Hien huet souwuel an Ueleg gemoolt wéi och mat grapheschen Techniken an a Pastell. Seng Plastike weisen eng nei Konzeptioun vun der Skulptur.