August Wilhelm Schlegel
däitsche Literaturhistoriker, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Indolog a Philosoph / From Wikipedia, the free encyclopedia
Den August Wilhelm Schlegel (zanter 1812 von Schlegel), gebuer den 8. September 1767 zu Hannover a gestuerwen den 12. Mee 1845 zu Bonn, war en däitsche Literaturhistoriker, Iwwersetzer, Schrëftsteller, Indolog a Philosoph. Mat sengem Brudder Friedrich Schlegel gëllt hien als ee vun de Matgrënner vun der däitscher Romantik, andeems s'an engem literareschen Zerkel Leit wéi den Novalis, de Ludwig Tieck oder Friedrich Wilhelm Joseph Schelling versammelt hunn a sou déi nei Literaturstréimung mat zum Erfolleg bruecht hunn.
August Wilhelm Schlegel | |
---|---|
Gebuer |
8. September 1767 Hannover |
Gestuerwen |
12. Mee 1845 Bonn |
Educatioun | Universitéit Göttingen |
Aktivitéit | Linguist, Iwwersetzer, Philosoph, Dichter, Literaturkritiker, Literaturhistoriker, Romanist, Dramatiker, Universitéitsprofesser, Schrëftsteller, Konschthistoriker |
Member vun | Bayeresch Wëssenschaftsakademie, Russesch Akademie vun de Wëssenschaften, Preisesch Wëssenschaftsakademie |
Famill | |
Geschwëster | Friedrich Schlegel |
Hien huet noeneen zu Genf, Bern, an a Russland, Dänemark a Schwede gelieft, a vun 1818 un zu Bonn, wou en op der Universitéit Bonn Cousre ginn. Mam Alexander von Humboldt an dem Franz Bopp ass hie Matgrënner vun der Komparatistik, d. h. der moderner komparativer Linguistik a Philologie.
Nodeems e vun der Caroline Schlegel gescheet gi war, war hie bis 1817 mat der Madame de Staël zesummen.